Foxy BMS
ass eng Applikatioun an der Cloud fir Är Firma ze verwalten.
Wat kann een alles maachen?
- Rechnungen: Alles wat e braucht wat mat Rechnungen ze dinn huet: d'Erstellung, Rappeller, Bezuelt oder net, och a Raten an och SEPA Direct Debit. Och kennen Offeren, Proforma Rechnungen, Bestellungen a Liwwerungen erstallt ginn.
- Clients: Komplett Verwaltung vu Clients, mat allen Detailer. Och huet een d'Méiglechkeet, selwer fir eegen Zwecker Felder bäi ze setzen. Fir eng besser Iwwersiicht vun engem Client, ass och e Clients-Verlaf do, a individuell Dateie kennen och op e Client gesat ginn.
- Stock: Eng komplett Verwaltung vum Stock, mat Akaf a Verkaf.
- Kalenner: Verschidde Kalenner fir verschidden Zwecker, Clients Rendez-Vous, Material verléinen, ...
- Berichter: Aarbechtberichter beim Client ausstellen an och ënnerschreiwe loossen.
- Automatesch Erstellung vun Dokumenter a Bréiwer: Op Basis vu eege Virlage kann een komplett Bréiwer oder virgefäerdegt Dokumenter ausgefëllt erstellen.
- Dokumenter: Verwaltung vun Dokumenter op enger zentraler Plaz, zum Beispill Akaf Rechnungen, Banken Extraite, Paiziedel, ...
- Konten: Einfach Konte Buchungen, wat erakomm ass, a wat erausgaangen ass, mat alle Referenzen op Rechnungen, Dokumenter, ... Och mat MultiLine Export an Import.
- Datenaustausch: Et kann een säi Client sech als Gaascht op d'Applikatioun alogge loossen, an Date mam Client austauschen.
- Betriebsberichter op engem Klick: All Konten, Rechnungen, Dokumenter zesummen, no Datum zortéiert, mat Tabellen an enger ZIP-Datei, fir e ganzt Joer, e Mount, oder soss iergend eng Period. Ideal fir Fiduciaire.
- Personalwiesen (HR): Einfach Gestioun vum Personal: Stonnen, Congéë, Krankheeten, ... mat Zäiterfaassung.
- Méi: Méi Detailer a Funktioune fannt der hei.
Virdeeler vum Foxy BMS
- Sproochen: Ass disponibel a 4 Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch a Franséisch.
- Cloud: Well d'Applikatioun an der Cloud leeft, braucht een kee Server, oder iergend eng Netzwierkinfrastruktur. Och ass d'Applikatioun einfach vun iwwerall aus erreechbar, aus enger aner Firma, ënnerwee, iwwert d'GSM Netz, aus engem Hotel.
- Geräter: Well et eng Webapplikatioun ass, kann et op alle Geräter benotzt ginn, sief et op engem Computer, Tablet oder Smartphone.
- Installatioun: Op de Computere selwer, braucht een keng speziell Installatiounen ze maachen, oder speziell Software ze konfiguréieren, just e normale Webbrowser. Einfach d'Adress aginn, a lass.
- Méi Leit: D'Applikatioun ass Netzwierkfäeg: et kenne méi Leit gläichzäiteg mat der Applikatioun schaffen.
- Foxy AI: Matt hëllef vum Foxy AI ka villes automatiséiert ginn, zum Beispill: aliese vun den Akafrechnungen.
- MCP: Erlaabt Ärem AI-System, sech direkt mat Foxy BMS ze verbannen, zum Beispill fir Rechnungen z'erstellen oder Clienten nozekucken.
- Modern: E modernen, einfachen Interface wat en einfacht Schaffe mat der Applikatioun erlaabt.
- Feeler checks: Vill Feeler gi vun der Applikatioun direkt iwwerpréift, a mellt, wann eppes net richteg ass. Zum Beispill: Risiko dass een e Client duebel erstellt, Kontosnummeren, ...
- Updates: Gett all Owes automatesch geupdatet, ouni dass een muss op d'Plaz kommen oder soss iergendwellech manuell Interventiounen.
- Aner Applikatioune: All zousätzlech Applikatioune ginn direkt matgeliwwert, wann een se braucht.
- Verschlësslunge: Fir allgemeng Sécherheet ass gesuergt, zum Beispill Verschlësselt Dateniwwerdroungen.
- Hardware: Wann een nach Hardware dozou braucht: e Computer, Drécker, Scanner, Keesegeräter, dat kann een och bei Vulpes kafen.
- Support: Einfache Support iwwer E-Mail ass bei Froe méiglech. Bei engem interne Feeler an der Applikatioun, gëtt Vulpes automatesch informéiert.
- Méi: Méi Detailer fannt der hei.
Weider Informatiounen ...
- Weider Detailer vun der Applikatioun
- Wat ee braucht fir d'Applikatioun ze benotzen
- Tariffer
- Demoversioun
- Dateschutz a Konditioune vu Vulpes
Froen?
- Hutt der nach Froen, frot hei no.