Foxy Med  

ass komplett a Moduler agedeelt, esou braucht Dir just dat ze huelen, wat Dir braucht. D'Tariffer dozou fannt der hei.

Ass an der Applikatioun mat dran (Basis Package):

  • Sproochen: A 4 Sproochen disponibel:  Lëtzebuergesch,  Däitsch,  Englesch a  Franséisch.
  • Rechnungen: Erstellung vu Rechnungen, Offeren, Proforma Rechnungen, Bestellungen a Liwwerungen. Matt ënnerschiddlech TVAën oder ouni TVA.
  • Rappeller: Semi-Automatesch Verwaltung vun de Rappeller, och an ënnerschiddlech Stufen.
  • Clienten: Komplett Verwaltung vun de Clienten, mat Numm, Telefonsnummer, Adressen, an esou weider. Och kann een de Verlaf vun engem Client kucken.
  • Benotzer: All Persoun huet en eegenen Username / Password, fir an d'Applikatioun eranzekommen. Och kenne ganz prezis Rechter verdeelt ginn, wat de Benotzer alles mam Programm dierf, a wat net.
  • Astellungen: Um Server ka villes op eege Bedürfnisser agestallt ginn, Texter, Reegelen, an esou weider.
  • Virlagen: Et kann een selwer eege Virlagen an d'Applikatioun setzen, fir Rechnungen, Offeren, Acompter, Bréiwer, Berichter. Och kennen déi a méi Sprooche gemeet ginn, esou dass een zum Beispill Rechnungen an där enger oder anerer Sprooch fir ënnerschiddlech Clientë, maache kann.
  • Basis Stock: An der Basis kann ee just Tariffer, wéi zum Beispill Aarbechtstariffer oder Trajetstariffer androen. Akaf a Verkaf geet net. Wann de Module "Kalenner" mat gebucht ginn ass, da kann een och Firmeneegentum androen, zum Beispill Material fir ze verléinen.
  • Notizblock: All Benotzer huet säin eegenen Notizblock am Programm, wou een willkürlech Texter, Informatiounen androe kann.
  • Kalenner: Een oder méi Kalenner, sief et en einfache Kalenner, en Technikerkalenner, Kalenner fir Material ze verléinen, Clients Rendezvous oder Patiente Rendezvous.
  • Patientendossier: Komplett Verwaltung vu Patientendossiere. Ee Patientendossier huet eng Ordonnance, de Status vun der Krankekeess, Rendez-vousen an Rechnungen zesummen.
  • Automateschen E-Mail Versand: Vill Saachen, wéi zum Beispill Rechnungen, Offere, aner Dokumenter kennen automatesch mat engem Drock op e Knäppche per E-Mail verschéckt ginn.
  • MultiLine: Import an Export vun de Konten aus dem MultiLine. Och mat SEPA Direct Debit Ënnerstëtzung.
  • Finale Bericht: De Finale Bericht, ass eng Zesummesetzung vu verschidden Daten, wéi Akafrechnungen, Verkafrechnungen, Konten, an aner Saachen, als PDF an och als Excel Datei, zesummegruppéiert an enger ZIP Datei, fir zum Beispill enger Fiduciaire ze ginn.
  • Wichteg PDFën op der Startsäit: Et kann een PDFën un d'Startsäit upinnen, déi wichteg sinn, zum Beispill Reglementer, intern Telefonsnummeren, an esou weider.
  • Statistiken: Et kann een zu jidderzäit, zu enger Belibeger Period Statistik-Daten ufroen, zum Beispill, wat een Akaf a Verkaf huet mat der Trennung vun den TVAën.
  • Protokolléierunge: Et kann ee gesinn, wien wat wéini mam Programm gemeet huet.
  • Zousätzlech Programmer: Zousätzlech Programmer déi een vun der Applikatioun erofluede kann:
    • Foxy BMS Middleware
      De Programm fir speziell Geräter unzesteieren, wéi zum Beispill Scannere, Barcodescannere, Geldtiräng, Keesendrécker, Etikettendrécker. Och gëtt d'Middleware gebraucht, fir den Transfert un d'Krankekeess oder vun der Krankekeess.
    • Telerik Report Designer fir Windows
      De Programm fir Virlagen ze erstellen, fir op de Server ze lueden. Gëtt just gebraucht fir den Design ze maachen, net am Alldag wann e mam Foxy Med schaffe well.
    • Foxy BMS Backup Client
      E Programm fir eng komplett Kopie vum Foxy Med ze zéien. De Backup eleng ass net laffäeg, et muss een d'Date bei Vulpes areeche fir de Restore ze maachen.
  • API: D'API (Programméierschnëttstell) ass dokumentéiert, esou dass ee selwer Saache mam Foxy Med skripten oder automatiséiere kann.

Personalwiesen (HR):

  • Zäiterfaassung: Wéini d'Personal do ass, a net - mat einfache Knäppercher.
  • Einfach Hierarchie: Eng einfach Hierarchie, wat och erméiglecht, Cheffen anzedeelen, déi dann hir Leit getrennt geréiere kann.
  • Schichten: Einfach Gestioun vu Schichten.
  • Alles am Bléck: Einfach Iwwersiichten an och komplett Tabellen, fir d'Cheffen an och d'Personal selwer.

Komplett Stock Verwaltung:

  • Stock: Komplett Verwaltung vum Stock, och mat Akaf a Verkaf.

Keess:

  • Keess: Verschidde Keesen, mat Keesenofschloss.
  • Stock: Interaktiv Stock Elementer, och mat PLU.
  • Barcode: Ënnerstëtzt Barcode Scanner a Keesedrécker.
  • Touch: Funktionéiert mat Touch-Geräter fir ze schaffen.

Dokumenter:

  • Dokumenteverwaltung: Verwaltung vun den Dokumenter, just PDF Dateien, haaptsächlech Akafrechnungen, an eenzel Dossieren. Och kennen aner Dokumenter dragesat ginn, wéi zum Beispill Bilans, Verträg, Paien, an esou weider. Déi Dokumenter kënnen am Stock an op de Kontebuchunge benotzt ginn, an domadder automatesch mat an d'Compta afléissen. Et kennen och Dokumenter spezifesch an enger Clientskartei ofgeluecht ginn.
  • Clienten: Et kann een selwer an der Clientskartei eege Felder bäisetzen, fir eegen Informatiounszwecker.
  • PDF Editor: Et ass e klenge PDF Editor an der Applikatioun mat dran, wat engem erlaabt aus méi PDFën eng ze maachen, oder och ëmgedréit, Säiten aus enger PDF trennen.

Aarbechtsberichter:

  • Aarbechtsberichter: Wat een beim Client schreiwe kann, an och vum Client ënnerschreiwe loosse kann.

Bréiwer:

  • Bréiwer: Erstellung vu Bréiwer, mat eege Virlagen un een oder méi Clients gläichzäiteg. Et kann een e volle Bréif selwer erstellen, änlech engem Schreifprogramm, oder een mat Lückentexter, je no Virlag.

Knowledge Base:

  • Knowledge Base: Et kann een Notizzen opschreiwen, Dateien unhänken, an innerhalb der Firma deelen. Dës ass nëtzlech, fir zum Beispill kleng Virgangs Art a Weis ze dokumentéieren, oder Technesch Notizzen.

Clients Daten:

  • Clients Daten: Eng Plaz wou een pro Client willkürlech Dateien eropluede kann, sief et fir den eege gebrauch, oder mam Client ze deelen. De Client kann e getrennte Gaascht-Login kréien. Och kann de Client selwer Dateien op d'Applikatioun schécken.

Logbicher:

  • Logbicher: Änlech engem Tagebuch, oder Botzverlaf, kann een domadder opschreiwen. Et kann een mat Virlagen esouvill Logbicher maache wéi ee wëll. Déi kennen och mam Client iwwert de Gaascht-Login deelen, wann de Modul "Clients Daten" matgeholl gëtt.

Foxy AI:

  • Foxy AI: Foxy AI, oder Foxy Kënschtlech Intelligenz, ka benotzt ginn, fir Dokumenter vum Computer automatesch auswäerten ze loossen, zum Beispill Akafrechnungen. Kiné Ordonnance kennen och mam Foxy AI aus geliest ginn.

MCP:

  • MCP: MCP (Model Context Protocol) erlaabt engem AI-System, sech direkt mat Foxy Med ze verbannen, fir zum Beispill Rechnungen z'erstellen, Clienten oder Stock nozekucken, oder no Dokumenter ze sichen. Zousätzlech kennen PDF Dateien (Dokumenter, Rechnungen, Bréiwer, Berichter, ...) vektoriséiert ginn, esou dass den AI och an hirem Inhalt sichen kann. D'Vektoriséiere vun ongeféier 1'000 PDF Dateien kascht ongeféier 3.4071€ ouni TVA.



Wat der braucht, fannt der hei.
Tariffer fannt der hei.
Hutt der Froen? Frot no.


Vulpes Logo

Vulpes SARL

204, route de Luxembourg

3515, Diddeleng

Luxembourg



An unhandled error has occurred. Reset & Reload Close